Dualspeed TEAM

2011 hu mer zu 2 ugefaang, eis eege Vëloen zesummen ze bastelen.

Et sollt jiddereen e Velo maachen fir beim Bike4Life zu Ettelbrëck matzefueren.

Béid Veloen hu musse folgend Saachen erfëllen:

1.   Dammevëlo

2.   Gepäckdréier drunn hunn

3.   Rosa gesprëtzt ginn

4.   fir de Rescht war der Phantasie keng Grenze gesat.

De Preiß huet aus engem ale Peugeot Dammevëlo eng flott Maschinn mat Lefty gebaut. Dee gouf no 2 Coursen am Asaz fir SOS-Kinderdörfer“ um „Schlaflos im Sattel“ fir 900 € versteet.

Highlight vum Velo

Guidon/Lenker Enhet, Lefty, Gepäckdréier, Leitungen all am Kader





De Kruppstahlbiker huet en ale LOOK Dammevëlo zerflexst an aus engem Hardtail e Fully gebaut.

Highlights vum Velo

Vun engem Hardtail an e Fully ëmgebaut mat enger Gafel

 

2012 ass de Schnu dobäi komm.

Ziel war et, en Dualspeed ze bauen, dat heescht : e Vëlo mat 2 Gäng. Dëst war déi eenzeg Virgab.

De Preiß huet säin ASHI gebaut, en 29’’ Dualspeed mat engem Schlumpfgetriebe. Bei dësem MTB gouf alles spigelverkéiert gebaut : Undrif lénks, Scheiwebremsen riets, eng ‘’Righty’’ Gafel an den Top, de Guidon, wou all Leitungen a Bremskolben komplett am Guidon verstoppt sinn, clean optic.

Kader, Suedelstaang, hënnegt Nuef mam Fräilaf, Guidon/Virbau, Gafel mat Achse komplett selwer gemaach.

De Kruppstahlbiker huet e Retrodirect opgebaut. Dëst ass en Undrif mat 2 Gäng. Fir e liichte Gang ze hunn, pedalléiert een normal no vir, fir den 2. méi schwéiere Gang pedalléiert een no hannen. Fir dëst ze réaliséieren, huet mussen eng Nuef ëmgebaut ginn, an de Kader entspriechend modifizéiert ginn mat Kettespanner/Ëmlenkung. Dat eleng goung awer net duer, als Gafel ass eng al GIRVIN un de Vëlo an e neie Fox Dämpfer ëmgebaut an eng fix Suedelstaang ugeschweest ginn.

Als Jucks ass eng Loftschutzsireen drugebaut ginn, déi mat engem Ketteblat op der lénker Säit beim nohanne pedalléieren ugedriwwe gëtt. Dëst fir e "Just for fun" Rennen an der Pfalz. Am normale Gebrauch ass dës awer net drop, soss wiere mer lo schonn all daf.

De Schnu huet dann nach en 3. System gebaut. Fir 2 Gäng ze réaliséieren huet hien eng Kickshiftnuef agebaut, déi bei enger ruckarteger no hanne Bewegung vun der Kuerbel an en 2. Gang schalt.

Hei ass en alen Alpinestars Kader ëmgebaut an ebenfalls eng Girvin Gafel dropgesat ginn. De Projet ass nach net zu 100% fäerdeg.

Links mat de Photoen.

 

2013 gëtt et dann total crazy, mee méi verrode mer hei elo net!!


Comments