Op Christihimmelfahrt, den 30. Mee 2019, heescht et ërem de Mountainbike
aus dem Keller huelen a Spaass op enger vun eise 4 Strecken
vum BIDIDU TRAIL ze hunn.
Starte kënnt der tëscht 08:00 a 10:00 um Foussballsterrain zu Bruch ( rue am Eck )
Et geet wéi gewinnt duerch eis schéi Geigend a gidd ënnerwee, wéi och no der Randonnée kulinaresch verwinnt.
Eis Zebraën hu mer schonn aus dem Stall geholl a se gi rëm drëppefest gemaach!!

Momentan ass eng grouss Baustell um Terrain,
Parking wéi gewinnt op der grousser Wiss ( klickt op d'Photo fir Infos )
http://g-o.lu/3/H34B



VILL SPAASS BEI EIS UM BIDIDU TRAIL