Workshop technik 28/02/15 in english

Starts at 08:00am

Mir bidden 4x am Joer e Basic Reparatur Workshop un.

Dëst ass geduecht, fir Pannen a Stécker um Vëlo selwer kënnen ze flécken oder ze ersetzen, ouni fir all Klengegkeet direkt mussen an e Vëlosgeschäft ze rennen. Dobäi kritt der och eng Hannergrondkenntnis, wéi all déi Saache funktionéieren.

Dir kritt Schrëtt fir Schrëtt erklärt, wéi alles funktionéiert, et direkt um Vëlo gewisen, an hutt d’Méiglechkeet et selwer ze probéieren. Och op ärem eegene Vëlo, wann der Problemer mat eppes hutt ( an deem Fall de Vëlo matbréngen )

De Cours leeft iwwer 3H ½, dono kritt jiddereen en Heft, wou alles, wat erklärt gouf, drasteet an ëmmer rëm kann nokucken, wann een et brauch.

De Cours kascht 15€ ( do ass de Cours, Kaffi, Mëtsche, Gedrénks, Snacks a Workshopheft mat dran )

 

 


Am Cours gi folgend Saachen behandelt:

Pneue

Platten

Bremsen

Fiedergafel / Dämpfer

Steiersaatz

Ketten

Kuerbel / Ketteblieder

Tretlager

Schaltung

Kassette

Schaltzich

a.s.w.


Wat musst der beim Cours matbréngen?

Motivatioun an eventuell den eegene Vëlo, falls do eppes drunn ass, wat der direkt do wëllt flécken/ersetzen.



bei Froe w.e.g. eng Mail u bididuteam@hotmail.com schécken




Umellung Workshop 28/02/15