BIDIDU  TEAM  LËTZEBUERG

BIDIDU TRAIL 09/05/2024

Mountainbike Randonnée zu Bruch

Start tëscht 08:00 an 10:00

Start ass beim Foussballsterrain, an der Koll. Parking direkt beim Start, respektiv bei der Kiirch.

Mir empfehlen Co-voiturage ze maachen, oder vu Bus/Zuch gebrauch ze maachen souwäit méiglech. Buslinn 933 ab der Gare zu Miersch. Oder einfach direkt mam Vëlo ze kommen 

wann der an der Emgeigend wunnt.  

Click op d'Kaart fir weider Infos

Mir bidden och dëst Joer rem 4 Strecken un. 

D'Strecken si per faarweg Feiler beschëldert, GPS-Daten veröffendleche mer keng!!

20Km mat 505Hm an 1 Ravi

30Km mat 650Hm an 1 Ravi

45Km mat 1005Hm an 2 Ravi

60Km mat 1320Hm an 3 Ravi

Gestart daarf mat all Vëlo, egal op Mountainbike, Fatbike, Gravel, Einrad, Pedelec, E-Bike......soulaang der op enger Mountainbike Streck domadder eenz gidd!!


Fir Dépannage op der Streck: Tel: 691 75 85 95


Startpräiss pro Streck sinn 10€ ( 8€ *)

*OPGEPASST, ween mam "BIObike" ( nët motoriséiert ) start, kritt 2€ Reduktioun!

Bezuelen kënnt der Cash, Bancomat/Visa, oder Payconiq


Wei gewinnt ginn et Vestiairen, Duschen, Bikewash, Iessen a Gedrénks

Dëst Joer nei bei eis, déi ganz Organisatioun vum BIDIDU TRAIL huet de Logo GREEN EVENTS kritt.

Daat heescht mir leën nach méi Wärt op Nohaltegkeet, probéieren eisen ökologesche Foussofdrock esou kleng wéi méiglech ze halen an eise Resourceverbrauch ze reduzéieren.


-Mir verzichten op Eeweegeschier a reduzéieren de Gebrauch vu Plastik.

-Paperless sou gutt et geet, respektiv aus recyceltem Popaier.

-Gedrénks an Iessen si souwäit et geet regional, BIO oder Fairtrade.

-Den Offall gëtt getrennt fir de Recyclage.

-Cigarettestëmp gehéieren an en Äschebecher ( déi mer och op de Ravisplazen opstellen )


All weider Infos zu Green Events: www.greenevents.lu

Eis Präisser fir Gedrénks an Iessen

Merci all éise Sponsoren a Liwweranten

Kontakt: bididuteam@hotmail.com

Eis Kontosnummer: BCEE / LU50 0019 5955 1284 8000