BIDIDU, dat ass eng éischter ganz onkonventionell Grupp vu verréckte Vëlosfuerer, déi ee net kann an e bestëmmten Tirang quetschen, an haaptsächlech d’Bëscher an der Ëmgéigend vu Bruch onsécher maachen.

Mee opgepasst, mir dreiwen awer och soss am ganze Land  eisen “Onnotz

Do wär de Preiß ( vun der anerer Säit vun der Our ) wuel de verrécksten vun eis all, dee regelméisseg mat sengem Stoker dem Lucie mam Tandem ënnerwee ass an och selwer Vëloskader schweesst.

De Rol, de Mann ouni Gang, an oft mam Singlespeed ënnerwee.

De Schnu, deen ni iergendwou normal kann optrieden a fir all Blödsinn ze hunn ass.

De Kruppstahlbiker, deen am leschte Joerdausend hänke bliwwen ass a näischt normales um Vëlo huet.

A nach eng 12 aner Verréckter.


Sou gi regelméisseg  Mountainbike Tier duerch d’ganz Land gemaach.

Bei eis heescht et net, wéi vill Kilometer oder Trainingseenheete mir an der Woch musse knuppen, mee de Spaass um Fueren! Natierlech gëtt och alt mol sérieux trainéiert, dat wa mer op déi onzieleg Randonneeën a Coursen am In- an Ausland fueren.

Sou ware mir schon e bëssen an der Welt ënnerwee, wéi Dubai, Zypern, Malle, 5-6 Transalps, Dolomiten, Cabo Verde, Schottland, Thailand, Philippinen an am Minette….

Mat wat mir ënnerwee sinn? Dat hänkt vum Biker an dem Event of.

Mir hu ganz langweileg Mountainbikes mat Ketteschaltung, nach méi langweileg Coursevëloen, Stohl, Alu, Carbon an Titan.

Fir déi méi speziell Biker, an déi mat décke Been Singlespeeds an Dualspeeds mat Schlumpfgetriebe, Retrodirect-System, Kickschiftschaltung, Rohloff Nueweschaltung, a gläich och Nuvunci Nuef, an déi ganz nei Vyro Schaltung ( ab November 2013 um Maart )

De speziellen Hinkucker ass dann natierlech och den Tandem.

vun dësem Joer un hu mer och 3 Fatbikes am Asaatz.

 

Wéi funktionéiere mir ? Mat Fleesch a Béier  joke

Säit 2008 si mer regelméisseg um Tour an organiséieren eis Tier iwwert eise Forum. Sou ginn et keng offiziell wöchentlech Datumer, mee mir fuere, wa mir Zäit hunn, jiddereen proposéiert Tier bei him an der Géigend, wou da jiddereen aus dem Land ka matrullen, ob et elo e Bididu ass oder net. Mir froen do och keng Memberschaft fir duerfe matzefueren.

An eisem Eck vum Land war ni eng Randonnée. 2012 sollt dunn endlech eng MTB Randonnée organiséiert ginn an dofir hu mer dunn d’BIDIDU TEAM LETZEBUERG A.S.B.L. gegrënnt an den Bididu-Trail organiséiert deen mat 378 Biker ( 2012 ), 417 Biker ( 2013 ) an 456 Biker ( 2014 ) gerockt goufen.
 
Ma vill blabla ass langweileg, kuckt iech einfach dei puer Photoen un vun eisen Ausflich!