GPS Workshop iwwert d'Benotze vun engem GPS-Gerät. Zu Bruch/Miersch an der Koll ( Foussballsterrain, rue am Eck )
De Cours fänkt um 13:00 un an dauert bis ongeféier 17:00 Theorie : - Wat ass GPS
- Firwat Navigatioun mam GPS
- Wéi funktionnéiert de GPS-System - Aus wat bestinn d'Geräter - Wéi eng Zorte vu Geräter ginn et - Wéi ass et mat der Genauegkeet - Kaartematerial - Ënnerscheed Routing/Tracking - Koordinatesystem - Plange vun engem Track - Erop- an eroofluede vun engem Track Praxis : - kleng Übungen ënner fräiem Himmel De Präis pro Persoun ass 15 € ( abegraff ass Dokumentatioun an d'Gedrénks ) De Vëlo braucht der net matzebrengen! Umellung w.e.g. iwwert de Formular riets! |